Resumen del episodio
Déi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel. De Simon Larosche huet sech déi éischt Episoden ugekuckt an erzielt eis, ob de legendären Humor an d'Gesellschaftskritik nach ëmmer do ass.
Déi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel. De Simon Larosche huet sech déi éischt Episoden ugekuckt an erzielt eis, ob de legendären Humor an d'Gesellschaftskritik nach ëmmer do ass.
Episodios
South Park
EscuchadoDéi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel. De Simon Larosche huet sech déi éischt Episoden ugekuckt an erzielt eis, ob de legendären Humor an d'Gesellschaftskritik nach ëmmer do ass.
No 3.000 Autoportraite konnt d’Véronique Kolber nees schlofen
EscuchadoVirun engem Mount hate mir iech mat an der Véronique Kolber hier nei Foto-Expo am Konschtzentrum Dominique Lang zu Diddeléng geholl. Ënnert dem Titel “Deceptively quiet - d’Rou täuscht” thematiséiert d’Fotografin hier posttraumatesch Erfarung: 1 Joer nodeems hier Duechter ganz uerg blesséiert gi war, konnt si 6 Méint laang net méi schlofen. Fir sech ofzelenken, huet si Selfië gemaach; um Enn hat si eng 3’000 Opnamen zesummen, op deenen net si, ma bal apathesch bal gerëselt Francis-Bacon- bis David Lynch änlech Fratzen an der Däischtert ze erkenne sinn. Gëschter owend hat d’Véronique Kolber de Psycholog Sacha Bachim fir eng Konferenz an hier Expo invitéiert. D’Kerstin Thalau war do an ass méi iwwert d’Relatioun Trauma a Konscht gewuer ginn.
CinEast-Festival Kompetitioun (4)
EscuchadoZwou Schwësteren zerstreiden sech ëm d'Ierfschaft an der kroatescher Drama-Komedie "Honey Bunny". An der georgescher Tragi-Komedie "Guria", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun, geet et ëm déi chaotesch Sich vun engem Witmann no eng neier Fra. Kriticke vum Michel Delage a Valerija Berdi.
Franziska Gänsler - ORCA
EscuchadoWéi wäit geet een fir engem anere Mënsch ze gefalen a fir en net ze verléieren? E Coming-of-age Roman iwwer toxesch Frëndschaft an onbegrenzt Bereetschaft zu Gewalt ass der Franziska Gänsler hire Roman „Orca“, deen am Verlag Kein & Aber erauskomm an och op der Shortlëscht fir den däitsche Buchpräis stoung. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
CinEast-Festival Kompetitioun (3)
EscuchadoD'Zwangssteriliséierunge vu Roma-Fraen an der deemooleger Tschechoslowakei ass de Sujet vun "Only beautiful things to look at". Aus der Perspektiv vun engem jonke Meedchen erzielt "Dua" déi politesch Kris Enn den 90er Joren an der fréierer südserbescher Provënz Kosovo.